Wéinst der Pandemie sinn déi ausgeschaffte Richtlinne vun der FLPS onbedéngt anzehalen. Muerges fir d’Startverlousung an der Salle Batty Weber zou Stadbriedemes ass nëmmen een Delegéierte vun all Veräin zougelooss. Beim Ofweie besteet onbedéngt Maskenpflicht an nom Concours fënnt keng offiziell Präisverdeelung statt. Klassement gëtt de selwechten Dag nach um Internet publizéiert an Präisser ginn spéider un Veräinssekretäre verschéckt. Sollten Restriktioune wéinst der Pandemie erëm verstäerkt ginn, fënnt de Concours natierlech net statt!